Dënschteg 19.09.2023
Gemeinsam Héichwaasser Previsioun vun Rheinland-Pfalz an Lëtzebuerg

D’ Landesamt für Umwelt Rheinland-Pfalz (LfU) an déi lëtzebuergesch Waasser Verwaltung (AGE) hunn sech op eng eenheetlech Héichwaasser Previsioun op de Grenz Flëss Our, Sauer an Musel verstännegt:

  • D’ Previsiounen fir d’ Pegel op der Our (aktuell Dasbourg an Gemünd) an d’ Pegel Rosport an Bollendorf op der Sauer ginn an Zukunft vun der AGE erstallt an vum LfU onverännert iwwerholl.
  • D’ Previsiounen fir d’ Pegel op der Musel zu Perl (Saarland), Stadtbredimus an Wasserbillig ginn an Zukunft vum LfU erstallt an vun der AGE onverännert iwwerholl.

AGE an LfU stellen sech an Zukunft géigesäiteg och Komponenten aus de Berichter zur Héichwaassersituatioun un de Grenzgewässer zur Verfügung an iwwerhuelen dës an hiren Héichwaasserberichter. Am Kader vun hirem Service vun den Héichwaasser Previsiounen stëmmen sech AGE an LfU regelméisseg of an entwéckelen gemeinsam hir Systemer fir d’ Previsioun weider.

Déi néideg Upassungen vun de Systemer a Rheinland-Pfalz an Letzebuerg geschéien Schrëtt fir Schrëtt am Laf vun den nächsten Méint. Bis zum Ofschloss vun den Upassungen gëllen technesch Iwwergangsregelungen déi e Betrib ouni Stéierungen garantéieren sollen.

Bis zum Ofschloss vun den erfuerderlechen Upassungen vun de Systemer ginn d’ Previsiounen un der Sauer iwwergangsweis vum LfU erstallt.

De vollstännegen Inhalt vum Communiqué de presse vum 19.09.2023 fannt dir ënnert dem Lien ënnendrënner.

Mëttwoch 02.08.2023
Ofschloss Aarbechten vun der Miessstatioun zu Péiteng/Chiers

Eis Péitenger Statioun, bis elo den eenzege Pegel am Maasanzuchsgebitt, gouf dëst Joer duerch Bauaarbechten ëmgestalt, fir an Zukunft  Waasserstands- an Offlossmiessungen zouverlässeg a laangjäreg an alle Waasserstandsberäicher kënnen duerchzeféieren. Eng nei Pegeltrap mat engem säitlechen Aschnëtt fir d'Pegellat gouf gebaut, d'Uferen goufe mat naturnoe Waasserbausteng geséchert an d'Flossbett gouf dem existente Längsprofil vum Gewässer ugepasst. De Projet ass elo ofgeschloss sou datt den aktuelle Waasserstand nees op eiser Internetsäit publizéiert ka ginn.

Dënschteg 17.01.2023
Lageberichte 14.-15.01.2023

Anbei die beiden Lageberichte für die Sauer vom Samstag, den 14. Januar 2023 und Sonntag, den 15. Januar 2023 und die Hochwasserinformation für die Mosel vom Montag, den 16. Januar 2023.

Méindeg 07.11.2022
"Meine Pegel" App

Die "Meine Pegel" App mit Informationen zu Wasserständen und Hochwasser ist jetzt auch für Luxemburg verfügbar.

Die App „Meine Pegel“ soll helfen, sich über Wasserstände und Hochwasser noch einfacher und gezielter zu informieren.

Die Benutzer haben die Möglichkeit, für die in der App verfügbaren Pegel einen bestimmten Wasserstand individuell festzulegen, ab dem sie informiert werden wollen.

Zusätzlich zu den aktuellen Wasserständen werden in der App auch die aktuellen Hochwasserlageberichte der Internetseite inondations.lu angezeigt. Auch hier ist eine Benachrichtigung des Nutzers möglich, sobald die Berichte an offizieller Stelle bereitgestellt werden.

Die bereits seit einigen Jahren in Deutschland verfügbare App enthält neben Pegeln in Luxemburg und Deutschland auch Pegel in den Niederlanden und in der Schweiz. Sie ist nun in Luxemburg für Google Android und für Apple iOS in fünf Sprachen verfügbar.

Mëttwoch 16.02.2022
RSS-Feed an Warnungen

Ab elo kennt dir iech fir den RSS-Feed vum Site inondations.lu abonnéieren (a véier Sproochen) an iech sou iwwert déi aktuell Héichwaassersituation an déi aktuell Warnungen informéieren loossen. Zousätzlech huet dir weiderhin d' Méiglechkeet iech per Login um Site inondations.lu fir Benoriichtegungen iwwert déi aktuell Héichwaassersituatioun an déi aktuell Warnungen per E-Mail un ze mellen. Dir kennt iech tëschent den Anzuchsgebidder vun der Sauer oder der Musel entscheeden, oder weiderhin fir béid Gebidder benoriichtegt ginn.

Déi aktuell Héichwaassersituatioun mat den offiziellen Coten an déi betraffen Anzuchsgebidder (Sauer, Uelzecht oder Musel) ginn elo ënnert Warnungen ugewisen. Op der Kaart fannt fir weiderhin déi aktuell erreechten Järlechkeeten vun den Wasserstänn.