Héichwaassermeldezentrum Lëtzebuerg

Stänneg Bereetstellung vu gemoossene Waasserstänn a Previsioune fir lëtzebuergesch Haaptgewässer souwéi zousätzlech Informatioune während dem Héichwaassermeldedéngscht.

D'Administration de la gestion de l’eau ass di kompetent Verwaltung fir d'Bereetstellung vun Héichwaasserprevisiounen un allen lëtzebuergesche Gewässer. Ass de Meldedéngscht a Bereetschaft, gëtt dës Säit mat aktuellen Héichwaasserinformatiounen an Héichwaasserbulletins ergänzt. D'Héichwaasserbulletins enthalen Informatiounen zur Wiederlag, zum Offlooss an zur Previsioun vu Waasserstänn un de Meldepegelen. Dës ginn ënnert Warnungen publizéiert.

Ausserhalb vun den Héichwaasserzäiten, kennen aktuell Waasserstänn a Previsioune consultéiert ginn. D'Waasserstänn gi bis zu 15-minütlech aktualiséiert. D’Previsioune ginn dräi Mol den Dag gerechent a publizéiert, je no Situatioun kennen se bis zu stënterlech aktualiséiert ginn. Fir ongeféier 15 Peegele gi Previsioune mat enger Längt vu bis zu 24 Stonnen duergestallt.

D'Administration de la gestion de l’eau ass déi zoustänneg Verwaltung fir d'Pegelstatiounen un de Gewässer am Einzugsgebitt vun der Sauer, der Chiers an der Syre. Den Service de la navigation ass di zoustänneg Verwaltung fir d'Pegelstatiounen un der Musel.

Bei de verëffentlechten Daten handelt et sech em Réidaten, déi vollautomatesch an ouni Kontroll gemooss ginn!

Héichwaassermeldedéngscht net aktiv

D'Bereetstellung vun Héichwaasserbulletins ass net aktivéiert. D'Waasserstänn gi bis zu 15-minütlech aktualiséiert.

Héichwaassermeldedéngscht a Bereetschaft

Den Héichwaassermeldedéngscht ass an Bereetschaft. Bereetstellung vun Héichwaasserinformatiounen am Virfeld vun engem eventuellen Héichwaasser, Aktualiséierung wann sech d'Lag ännert. D'Waasserstänn gi bis zu 15-minütlech aktualiséiert.

Héichwaassermeldedéngscht aktiv

Den Héichwaassermeldedéngscht ass aktiv. D'Bereetstellung vun Héichwaasserinformatioune mindestens zweemol den Dag oder wann sech d'Lag ännert. D'Waasserstänn gi bis zu 15-minütlech aktualiséiert.

>> hei geet et bei d'Kaart

meteoalarm

Onwiederwarnungen fir Lëtzebuerg an Europa
www.meteoalarm.eu