Méindeg 08.01.2024
Hochwasserlageberichte Mosel 03.01-06.01.2024

Anbei die Lageberichte und der Schlussbericht für die Mosel vom 3. Januar bis 6. Januar 2024.

Méindeg 08.01.2024
Hochwasserlageberichte Luxemburg (ohne Mosel) 02.01-05.01.2024

Anbei die Lageberichte und der Schlussbericht für Luxemburg (ohne Mosel) vom 2. Januar bis 5. Januar 2024.

Freideg 24.11.2023
Hochwasserlageberichte Mosel 16.11.2023-21.11.2023

En Annexe déi 11 Héichwaasser Berichter fir d' Musel vum 16.11.2023 bis den 21.11.2023.

Dënschteg 19.09.2023
Gemeinsam Héichwaasser Previsioun vun Rheinland-Pfalz an Lëtzebuerg

D’ Landesamt für Umwelt Rheinland-Pfalz (LfU) an déi lëtzebuergesch Waasser Verwaltung (AGE) hunn sech op eng eenheetlech Héichwaasser Previsioun op de Grenz Flëss Our, Sauer an Musel verstännegt:

  • D’ Previsiounen fir d’ Pegel op der Our (aktuell Dasbourg an Gemünd) an d’ Pegel Rosport an Bollendorf op der Sauer ginn an Zukunft vun der AGE erstallt an vum LfU onverännert iwwerholl.
  • D’ Previsiounen fir d’ Pegel op der Musel zu Perl (Saarland), Stadtbredimus an Wasserbillig ginn an Zukunft vum LfU erstallt an vun der AGE onverännert iwwerholl.

AGE an LfU stellen sech an Zukunft géigesäiteg och Komponenten aus de Berichter zur Héichwaassersituatioun un de Grenzgewässer zur Verfügung an iwwerhuelen dës an hiren Héichwaasserberichter. Am Kader vun hirem Service vun den Héichwaasser Previsiounen stëmmen sech AGE an LfU regelméisseg of an entwéckelen gemeinsam hir Systemer fir d’ Previsioun weider.

Déi néideg Upassungen vun de Systemer a Rheinland-Pfalz an Letzebuerg geschéien Schrëtt fir Schrëtt am Laf vun den nächsten Méint. Bis zum Ofschloss vun den Upassungen gëllen technesch Iwwergangsregelungen déi e Betrib ouni Stéierungen garantéieren sollen.

Bis zum Ofschloss vun den erfuerderlechen Upassungen vun de Systemer ginn d’ Previsiounen un der Sauer iwwergangsweis vum LfU erstallt.

De vollstännegen Inhalt vum Communiqué de presse vum 19.09.2023 fannt dir ënnert dem Lien ënnendrënner.

Mëttwoch 02.08.2023
Ofschloss Aarbechten vun der Miessstatioun zu Péiteng/Chiers

Eis Péitenger Statioun, bis elo den eenzege Pegel am Maasanzuchsgebitt, gouf dëst Joer duerch Bauaarbechten ëmgestalt, fir an Zukunft  Waasserstands- an Offlossmiessungen zouverlässeg a laangjäreg an alle Waasserstandsberäicher kënnen duerchzeféieren. Eng nei Pegeltrap mat engem säitlechen Aschnëtt fir d'Pegellat gouf gebaut, d'Uferen goufe mat naturnoe Waasserbausteng geséchert an d'Flossbett gouf dem existente Längsprofil vum Gewässer ugepasst. De Projet ass elo ofgeschloss sou datt den aktuelle Waasserstand nees op eiser Internetsäit publizéiert ka ginn.